Religulous: Huesefest 2014

AHA invitéiert och 2014 op hiert Huesefest.
Dëst Joer gëtt e Film gewisen.

Wou?

Am Exit 07, Carré Rotondes, 1 rue de l'Aciérie, L- 1112 Luxembourg-Hollerich.

Wéini?

De Samsteg, 19. Abrëll 2014, Doors: 20.00 Auer, Ufank Film: 20.30 Auer.

Wat?

"Religulous", ee reliounskritesche Film vum Bill Maher. Sprooch: Däitsch. Trailer hei!

Duerno leeft relax Musik, fir dass een a Rou a bei engem gudde Patt nach bëssi iwert d'Welt ouni Gott potere kann.

Den Entrée ass gratis.